Sportzeitung
Déi nei Sportzeitung ass do!
Wéi ugekënnegt an der letzter Sportzeitung vum September, ass ët elo esou weit, a mir sinn houfreg ärch kënnen hei déi nei Sportzeitung ze presentéieren.
Grënnung
Gegrënnt den 1. Januar 1976, matt 3 Liftingen wärend dësen Joren, huet die ganz Ekipp vun der Redaktioun dorunner geschafft, eng komplett nei a modern Sportzeitung erauszebréngen.
Faarweg
All eenzel Säiten sinn elo faarweg fir eis Fotoen méi schéin duerzestellen, nët méi geklammert mee ënnert der Form vun engem Heft matt engem Inhaltsverzeichnis vun den Rubricken fir ärch kënne besser direkt op déi richteg Säit ze féieren déi dir sicht.
Rubriken
Mir hun eis Rubricken bäibehalen well ët eis wichteg ass, nët nëmmen Sport mee och waat an der Gemeng passéiert, ze publizéieren.
5mol am Joer
D’Sportzeitung gët weiderhin 5 mol am Joer publizéiert an déi kënnt ëmmer nom 20ten vun de Méint Januar, Abrëll, Juli, September a November eraus, an den Abo-Präis bleift fir 2024 och bei 50€/Joer.
är Meenung
Mir wären frou wann dir eis är Meenung dozou kënnt ginn, an och all Bemierkung oder aner Wënsch zu dëser Sportzeitung kënnt dir eis gären eran schecken ënnert der E-Mail Adress sportzeitung@asw.lu
Abonnement
Bäitrag vu 50€ / Joer
ze iwwerweisen op de Konto:
CCRALULL LU29 0090 0000 0002 0529
Vermierk: Sportzeitung + Numm a Virnumm + Adress
D‘Zeitung kënnt ëmmer nom 20te vun de Méint: Januar, Abrëll, Juli, September a November.
Werbung
Dier wëllt aer Annoncen resp. Reklammen och an eis Sportzeitung setzen, dann kontakteiert eis einfach iwwert sportzeitung@asw.lu
Redaktioun
- Jeppe Andreasen
- André Berscheid
- Sébastien Differding
- Jeff Engelen
- Guy Scholzen
Beispill vun enger Sportzeitung
Liesen ›










